Am Kader vun der Sektioun Sciences environnementales hunn t’Schüler vun der 2GSE t’Zentral vun der Luxtram S.A. um Kierchbierg besichtegt.

 

 

Fir den Trajet bäi t’Zentral vun der Luxtram S.A. hunn eis Schüler natierlech drop gehalen, iwwert t’Mobilité douce vun der Schoul bis op de Kierchbierg ze fueren. Sou ware mir gläich multimobil ënnerwee a sinn zu Fouss bis op t’Gare gaangen, dunn mam Zuch Richtung Stad, am Pafendall mam Funiculaire erop a schlussendlech mat der Tram bis direkt virun t’Dieren vun der Zentral vu Luxtram gefuer.

Hei huet eis t’Directrice vun der Kommunikatioun, t’Madame Françoise Frieden, häerzlechst Begréisst an en interessante Virtrag iwwert den Historique an t’Zukunft vun der Luxtram offréiert. Heibäi konnten t’Schüler an och t’Proffen sech e Bild vun der Luxtram maachen an hunn dierften hier selliche Froen un t’Madamm Directrice stellen. Duerno goung et dunn iwwert de Site vun der Zentral, wou t’Schüler en detailléierten Abléck an di deeglech Arabescht bäi der Luxtram kruten.

Villmools Merci nach eng Kéier un t’Directrice an un t’Schüler vun der 2GSE, déi sech ganz engagéiert gewisen hunn.

Hei e puer Impressiounen:

 

Categories: News

Skip to content