Am Zeeche vun der Nohaltegkeet hu mir geplangt, fir 50 Beem an Ettelbréck ze planzen. Dëse Projet vun 2 Schüler, dem Simon an Alex vun eiser neier Sektioun Ëmweltwëssenschaften, kompenséiert den CO2-Ausstouss, dee bei der Produktioun vun der geplangter Solar-Anlag um Dach vun der Sportshal entsteet.

Well de Lycée Technique vun Ettelbréck an der Gemeng Ettelbréck verwuerzelt ass, wëlle mir net nëmme mat eise Schülerinnen a Schüler op déi Plazen higoe fir eis pedagogesch Projeten, mee mir hunn eis och als Zil gesat Ettelbréck eppes zréck ze ginn andeems eis Schülerinnen a Schüler z.B. Projete fir Kanner oder eeler Leit ausschaffen an encadréieren.

Dir kënnt dëse Projet mat ënnerstëtzen, an ab engem Don vu 50€ sidd dir Pätter oder Giedel!

Dir kritt:

  • eng Pätter/Giedel-„Urkunde“
  • d‘Buch zum 50. Gebuertsdag
  • Informatiounen an Invitatioune ronderëm de Projet!

 

Sidd Dir interesséiert, da mellt Iech iwwert

–          50Joer@ltett.lu

oder

–          d’Nummer 819201-301.

Categories: AnniversaireNews

Skip to content