Den 18. November 2020 wor et endlech souwäit: 26 héichstämmeg Uebstbeem si vu Schülerinnen a Schüler vum Lycée Technique d’Ettelbruck am Grondwee zu Ettelbréck geplanzt ginn. Am Zeeche vun der Nohaltegkeet ass am Kader vum 50. Gebuertsdag vum Lycée geplangt, fir insgesamt 50 Beem ze planzen.

Gesponsert goufen dës éischt 26 Beem vun der Stëftung Hëllef fir d’Natur an d’Gemeng Ettelbréck huet den Terrain am Grondwee zur Verfügung gestallt. D’Planzaarbechte fir dëse Bongert goufe vu Schülerinnen a Schüler vun der 2GSE iwwerholl, dëst ënnert der Leedung vum Michel Frisch vun der Stëftung Hëllef fir d’Natur. De Buergermeeschter vun der Gemeng Ettelbréck, den Här Jean-Paul Schaaf, an den Direkter vum LTEtt, den Här Fränk Fries, woren dee Moien och am Grondwee derbäi fir eng Hand mat unzepaken. De Bongert soll an Zukunft fir weider gemeinsam nohalteg Aktioune vu Lycée a Gemeng genotzt ginn, wéi z.B. Insektenhoteller, pedagogesch Informatiounspanneauen awer och Praxisübunge fir vill Klassen aus dem LTEtt sou wéi praktesch Uebstbeemschnëttcoure vun der HfN-Stëftung.

Ausgaangen ass de Projet “50 Beem fir den LTEtt” vun zwee 1ère-Schüler vum Ofschlossjoer 2019/2020, dem Simon Dubos an dem Alex Mamer vun der Sektioun Ëmweltwëssenschaften. D’Ufanksiddi wor déi, den CO2-Ausstouss ze kompenséieren, dee bei der Produktioun vun der geplangter Photovoltaik-Anlag um Dach vun der Sportshal vum Lycée entsteet. An engem weidere Schülerprojet op der GSE-Sektioun soll am nächste Schouljoer ausgeschafft ginn, wéi déi spéider Uebstrekolt beschtméiglech ka genotzt ginn.

Déi 24 Beem, déi nach feelen, wäerten am kommenden Hierscht geplanzt ginn. Fir dëse Projet kann een sech nach melle fir Pätter oder Giedel ze ginn! Nieft enger Pätter- oder Giedelurkunde kritt een och een Exemplar vum Buch “50 Joer Lycée Technique vun Ettelbréck”.

https://i0.wp.com/www.ltett.lu/wp-content/uploads/2021/01/IMG_5308_small.jpg?resize=640%2C480&ssl=1

 

 

 

https://i2.wp.com/www.ltett.lu/wp-content/uploads/2021/01/IMG_0365_small.jpg?resize=375%2C500&ssl=1

https://i1.wp.com/www.ltett.lu/wp-content/uploads/2021/01/IMG_0364_small.jpg?resize=375%2C500&ssl=1

 

 

 

Categories: News

Skip to content