Präventioun geet eis all eppes un!

Aids Atelier Ausschnëtt

Ënnert deem Motto si lo wärend 2 Wochen ënnert der Leedung vum SePAS eng 47 Ateliere fir d’Classes inférieures vu 7ième bis 5ième ugebuede ginn, an Zesummenaarbecht mat enger Réi externen an interne Partner.

Präventiounsbeamte vun der Police, de Service Oxygène vu « Femmes en détresse », de Beesecure, de Service Impuls, Membere vum SePAS souwéi verschidden Enseignante hunn d’Ateliere mat vill Motivatioun an Engagement geleet.

Zousätzlech hate mir och nach eng flott Expo vun der Ligue luxembourgeoise d’hygiène mentale opgeriicht an zu deem Thema Table ronden fir Klassen organiséiert.

Ronn 350 Schüler a Schülerinne sinn an den 2 Woche sensibiliséiert, opgekläert an informéiert ginn.

Mir soe jiddwerengem Merci, deen dozou bäigedroen huet, datt déi 2 Wochen eng Beräicherung fir eis all waren.

Zesummen si mir staark!

Skip to content