Den Här Henri Eippers stellt d'Geriicht vir

Den 2. Juli war den Här Henri Eippers, de Porte-Parole vun der Administration judiciaire zu Lëtzebuerg am LTEtt op Besuch.

D‘Schüler a Schülerinnen vun der 2TPCM1, der DC1CMA an den zwou Arméisklassen (3GCMEA2 & 4GCMEA2) kruten vum Rechts-Expert ënnert anerem d‘Geriicht a seng Acteuren erkläert. D’Schüler konnten sech am Virfeld an hirem EDUCI-Cours mat verschidden Themen wéi der Jugendkriminalitéit, der Doudesstrof an aneren juristeschen Aspekter familiariséieren.

Och am Franséischcours hunn si sech virun der Visitt mam Thema “Recht” beschäftegt: d’3eGCMEA-2 beispillsweis duerch d’Analyse vum Buch “Je voulais juste rentrer chez moi” vum Patrick Dils.

D’Schüler a Schülerinnen hunn interesséiert nogelauschtert a verschidde vun hinnen sinn no Schoulschluss souguer nach bësse sëtze bliwwen fir dem Vertrieder vun der Justice hier Froen ze stellen … Jo dir hutt richteg héieren!

Skip to content