Iwwer 100 Diplomer goufe verdeelt op eisen Diplomfeieren am Juli! Wat fir e schéinen Ofschloss vum Schouljoer 2020/2021!
De Freiden hate mir en Éieregaascht, eise Minister fir Energie a Landesplanung, de Claude Turmes, deen sech vill Zäit geholl huet fir mat de Schüler:inne vun de Klasse GIG, GSE an TPEE iwwert hir Zukunftspläng ze schwätzen.
Besonnesch d’Liz vun der GIG hat all Grond ze feieren: hat krut d’Mentioun excellent!
D’Schüler:inne vun der GSO kënne stolz sinn op hiren Ofschlossdiplom, awer ganz besonnesch d’Matilde mat der Mentioun excellent!
De Buergermeeschter vun der Gemeng Ettelbréck, de Jean-Paul Schaaf, ass a senger Ried samschdes besonnesch op déi schwiereg Situatioun fir déi Jonk dëst Joer agaangen.
An och fir eis Commerce-Klassen TPCM gouf et ganz vill ze feieren!
Alles Guddes op ärem weidere Wee, léif fréier Schülerinnen a Schüler vum LTEtt !
Héije Besuch an eisem Lycée! Eng Délégatioun aus dem Bénin ass eise Lycée kucke komm fir sech iwwert d’Beruffer am Beräich Nohaltegkeet, erneierbar Energien a Mobilitéit ze informéieren. Eise Kooperatiounsministère huet dës Visitt zesumme mat Read more…
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy