«Toutes les bonnes choses ont une fin»

«Toutes les bonnes choses ont une fin»
Dat hu si sech och gesot, an duerfir hu si elo vun der Geleegenheet profitéiert, fir an déi  wuelverdingten Pensioun ze goen. Fir deene laangjärege Kolleegen an Gewunnechten Äddi ze soen, gouf eng kléng Feier organiséiert – Mir wënschen dem Maria aus der Botzekipp, dem Jean-Marie aus dem Elektrosdepartement, dem Georges aus dem Schweessatelier, dem Rosch aus der Schwemm an dem Guy aus dem Sekretariat all Guddes fir d’Zukunft an dass si déi nächst Zäit den neie Liewensabschnitt “geloossen” uginn. D’Maria an de Guy hunn zesummen 70 Joer am LTEtt geschafft. Mir gratuléieren hinnen a wënschen eis, dass mir si nach oft bei eis an der Schoul kënne begéinen.

Skip to content