Europäeschen Interreg Projet ENERGE

Am Kader vum Europäeschen Interreg ENERGE Projet, un deem den LTETT zesummen mat der Uni.lu deelhëlt, haten d’Schüler vun 2GIG an 2GSE d’Geleeënheet fir mam Suzan Gundbay vun der Dublin City University een interessanten Echange ze hunn. D’Schülerinnen an d’Schüler hunn sech an deem Kontext Gedanken iwwert hiren eegenen Energiekonsum an och deen vun hirer Schoul gemaach. Vill gutt Ideen sinn zesummen komm an et goufen spannend Diskussiounen ronderëm de Sujet vun der Energieeffizienz.

Skip to content