Sportsektioun « Basketball » fir Schüler vu 7ème bis 1ère
D’Schüler kënnen 1x an der Woch Basketball spille kommen. Sie kennen entweder einfach op de Kuef schéisse komme fir d’Technik ze verbesseren oder ee Match géint déi aner Schüler spillen.
Et gëtt keng Verflichtung fir ëmmer mussen ze kommen an et muss een sech och net umellen.
Zousätzlech ass och nach puer Mol am Joer een Turnéier géint aner Schoulen am Kader vun de Lasel Sportaktivitéiten.
Zil vum Projet: Sportlech Betätegung a Verbesserung
vun der Spillfäegkeet am Basket