Iwwert elo scho puer Woche schafft d’6GIF1 aus dem LTEtt fläisseg un engem Kaartespill, fir op eng spilleresch Manéier d’Vokabele besser ze verhalen an och ze léieren. Dat Ganzt ass ugepasst un de Schoul-Programm. Si hunn sech immens druginn an hunn de Moien hiert Spill och der Direktioun presentéiert. Mir sinn all begeeschtert, wat déi jonk Leit do selwer op d’Been gestallt hunn a wéi motivéiert si sinn, wann et ëm d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch geet. Wann d’Spill lo definitiv fäerdeg ass, soll et och anere Leit zur Verfügung gestallt ginn, als eng Hëllef beim Léieren, déi vrun allem awer och Spaass mécht.

Skip to content