D‘3GPS1 war am Juni am Naturschutzgebitt „Schwaarzenhaff“ zu Stengefort. Well leider ëmmer méi natierlech Liewensraim vun Déieren a Planzen zerstéiert ginn, mussen Naturschutzgebidder markéiert ginn an deemno wéi och mol e Biotop vum Mënsch kënschtlech verännert ginn, fir deenen Aarten en Doheem a Schutz ze bidden, déi soss näischt méi hätten. Wéi dës Biotopen ausgesinn, déi gutt fir d’Biodiversitéit sinn, hunn déi Jonk hei geléiert.

Skip to content