Am Juni waren e puer Informatik-Proffen aus dem LTEtt bei der Maker Faire zu Rouspert ënnerwee. Hei konnte Kanner a Jugendlecher selwer Roboter bastelen, éischt Erfarungen am Léiden a Programméiere sammelen an och déi vill ënnerschiddlech Kreatioune vun den Aussteller bestaunen. Fir d’Qualifikatioun vun der „FIRST Global challenge“, enger weltwäiter Robotercompétitioun, sinn ausserdeem 5 lëtzebuergesch Teamen an der Alterskategorie 14-17 Joer géinteneen ugetrueden. Et waren zwee spaasseg Deeg fir grouss a kléng.

Skip to content