Mir, d´Schüler vun der 3GSO2 an 3GSO3, sinn den 29. Juni 2022 mat véier vun eise Proffen op Verdun gefuer, fir déi historesch Sitë vum Éischte Weltkrich kucken ze goen.

Op eiser éischter Statioun, dem Fort Douaumont, krute mer eng Visitt duerch de Fort gemaach, dëst a Begleedung vun engem Guide. Déi däischter, kal-fiicht Atmosphär dobannen an déi bedréckend Erzielunge vun eisem Guide hunn hier Wierkung net verfeelt. D’Visitt ass dobausse virugaangen, wou mer d’Spuere vun de méintelaange Bombardementer vu méi no gesinn hunn. Op dëser Plaz kann een sech haut, no iwwer honnert Joer, nach e gutt Bild maachen, wéi hefteg d’Kämpf deemools waren.

No enger klenger Stäerkung am Schiet si mer ze Fouss laanscht fréier Tranchéen a Richtung Ossuaire gaang, wou mer eis de risegen Kierfecht mat Dausende vu wäisse Kräizer ugekuckt hunn. De Kierfecht ass de Reliounen no agedeelt ginn: et gi getrennte Beräicher fir déi chrëschtlech, muslimesch a jiddesch Zaldoten. Och hei ass eng Stëmmung opkomm, déi een nëmme schwéier beschreiwe kann. Ze wëssen, dass esou vill Zaldoten (iwwer 16.000) hei ronderëm begruewe gi sinn, huet d’Stëmmung ganz düster gemaach. Besonnesch beandrockend waren d’Kéip vu Schanken (vun ongeféier 130.000 Zaldoten!), déi een hannert de Fënstere vum Ossuaire-Gebai gesi kann.

Duerno ass eisen Ausfluch weidergaangen op eng Plaz, wou fréier dat franséischt Duerf Fleury-devant-Douaumont louch. Haut fënnt een do, niewent enger Kapell, just nach Erënnerungsschëlder, déi engem verrode wou fréier de Schouster, d’Schoul oder den Duerf-Bistro waren.

Déi lescht Etapp war dann e Besuch vum Musée, dem Mémorial de Verdun. Hei kritt een nach eng Kéier déi ganz Geschicht vun der Schluecht vu Verdun mat Hëllef vu villen Ausstellungsstécker, Dokumenter a Filmer erzielt.

Insgesamt kënne mir soen, dass eis den Ausfluch gutt gefall huet an dass mer nach e puer Saache bäiléiere konnten. Mir soen eise Proffen an der Direktioun Merci, dass si eis dësen Ausfluch erméiglecht hunn. 

Skip to content