Sportsausfluch 2022

De Sportsausfluch 2022 konnt erëm stattfannen. Déi Schüler, déi iwwert d’Schouljoer 2021/22 am meeschten an de Sportsektioune waren an och un verschiddene LASELs-Competitiounen deelgeholl haten, hunn dierften um Sportausfluch Deel huelen. Mir sinn de 07.07.2022,
Donneschdes, no enger Stäerkung an der Kantin, mat eise Vëloe bis op Dillinge gefuer. Do hunn mir de Kayak geholl a sinn 3 Stonnen iwwert d’Sauer bis op Iechternach gepaddelt. Duerno ass et an d’Jugendherberg vu Beefort gaangen, wou natierlech nach Fussball gespillt gouf an et och eppes Guddes vum Grill z’iesse gouf. Deen anere Moien hate mir e Geocaching am Mëllerdall präparéiert, ier et duerno erëm vu Beefort mam Mountainbike zeréck an de Lycée gaangen ass.

Skip to content