PS- an SN-Klassen: «Körperwelten» zu Tréier

De 7. Juli waren all d’PS- an SN-Klassen aus dem LTEtt zesummen op Tréier d’Ausstellung “Körperwelten” kucken. Dës faszinéierend Ausstellung weist präparéiert Kierper an huet de Schüler sou en Abléck an d’Anatomie vum Mënsch gewisen. Nodeems si am Cours scho villes doriwwer geléiert hunn, konnten se sou nach weider Zesummenhäng an interessant Fäll kenneléieren. Net nëmme bei der Raucherlungen ass sou munchen nodenklech ginn.

Skip to content