Op wéi engem Grondrëss wëlls du wunnen?

Där Fro sinn eis zwou 5P1 a 5P2 Klassen iwwer 4 Deeg an engem flotten Architekturprojet, zesumme mat der Architektin Julie Marthe Hoffmann, nogaangen. Dëse ganz kreativen Atelier gouf an Zesummenaarbecht mam CAPE organiséiert an huet déi Jonk dozou ugereegt sech bewosst mat verschiddene Wunnformen an der Architektur auserneen ze setzen, en Debat ze schafen a sech Gedanken ze maachen, wat déi ideal Wunnsituatioun haut a muer wäert sinn.

An enger éischter Phase hunn d’Schüler déi Erwuessen dozou interviewt, wéi si sech d’Grondrësser virstellen, an deenen se liewe wëllen an hunn déi Iwwerleeunge mat abezunn.

Mat Hëllef vun der App Magicplan sinn de Schüler hier Iddien dunn um Pabeier Realitéit gi fir duerno um Buedem virum CAPE 1:1 opgepecht ze ginn.

An dat Resultat kann sech weise loossen. Gutt geschafft!

Skip to content