Demokratie liewen!

An der Woch vum 24.-28. Oktober 2022 huet am Lycée Technique vun Ettelbréck d’Woch vun der Demokratie stattfonnt. An deem Kader goufen insgesamt 27 Workshoppen ronderëm d’Thema Demokratie a Biergerrechter organiséiert, déi zum Deel vun de Schüler selwer geplangt an duerchgefouert goufen. Aner Intervenanten waren de Radio ARA, den IKL (ASTI), d’Jugendhaus Ettelbréck, d‘European Youth Parliament (EYP) an den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher. Insgesamt hunn iwwer 570 Schülerinnen a Schüler un den Atelieren deelgeholl.

Den Ofschloss vun der Woch war eng Table ronde zum Thema „Politesch Bedeelegung och vu Jonken! Firwat?“. Als Gäscht waren hei Vertrieder vun der Gemeng Ettelbréck, dem Jugendrot, dem SNJ an dem EYP dabäi. An der Diskussiounsronn goung et ë.a. iwwer d‘Formen vun der politescher Bedeelegung an d’Wichtegkeet, dass och déi Jonk politesch participéieren an un der Gestaltung vum ëffentleche Liewen deelhuelen.

Alle Bedeelegten en décke Merci fir di gelongen éischt Woch vun der Demokratie am LTEtt!

Skip to content