Präventiounsaarbecht vum SePAS - aktiv um Klasseklima schaffen.

Klasseninterventiounen vum SePAS si sënnvoll, fir d’Klasseklima ze verbesseren a Konflikter esou aus dem Wee ze raumen, éier se entstinn. Dofir bitt de SePAS, no Besoin, awer och präventiv, Workshops an de Klassen un. Dës Interventiounen daueren op mannst zwou Stonnen a brauchen eng intensiv Nobetreiung. Fir déi suergt de SePAS an enkem Kontakt mat Enseignanten a Regent vun der Klass.

Dës Woch hu mir zwou Interventioune gemaach mam Ziel d’Klassendynamik ze verbesseren. D’Schüler hu gutt matgeschafft a mir sinn eis sécher, datt lo d’Zesummeliewe verbessert ass.

Skip to content