Learning by doing am Science Center!

D’7G2 aus dem Lycée Technique Ettelbruck ass den 9. November mam Zuch op Déifferdeng de Science Center besiche gaangen. D’Schüler konnten sech an engem Atelier iwwert Fluide bei niddregen Temperature fir d’Wëssenschaft begeeschteren. E puer vun hinnen hunn sech och getraut bei den Experimenter selwer Hand unzeleeën.

Am Uschloss dozou konnten d’Schüler an der Haaptausstellung eng ganz Rëtsch Statiounen iwwert déi verschiddenste physikalesch Phenomener an technologesch Innovatioune beobachten an ausprobéieren.

No engem klenge Picknick goung et dunn erëm zréck op Ettelbréck.

Skip to content