Auszeechnung fir 4 "Social Boys" aus dem LTEtt.

De Projet “Social Boys“, dee vum Ministère fir Gläichstellung vu Fra a Mann, vun “Infomann”, vum LTPES a vum Daachverband vun de Jugendstrukture Lëtzebuerg
an d’Liewe geruff ginn ass, huet 4 Jonker bei eis am Lycée motivéiert sech ausserschoulesch ze engagéieren.

Iwwert e puer Méint hunn si a soziale Strukture wéi Crèchen, Maison Relaisen oder Jugendhaiser geschafft a sou wäertvoll Erfarunge fir d’Liewe gesammelt.
Dofir goufen si de Mëttwoch den Owend zu Miersch am LTPES ausgezeechent a kruten e Buch sou wéi e flotte Bong iwwerreecht.

Mir si ganz houfreg op déi  4 a wënschen hinnen alles Guddes op hirem weidere Wee.

Skip to content