SAHASA! Iwwert de Courage säin Talent ze liewen.

D’7P1, d’7P2 an d’7P3 waren de Spektakel “SAHASA” vum Jill Crovisier kucken. Sahasa bedeit Courage op Nepalesesch. D’Stéck ass eng Mëschung zwëschen Hip-Hop, Fussball, Freestyle, Freerun souwéi och Videoe, déi projezéiert goufen. Déi dräi Artisten hunn eis gewise wéi een duerch Konscht, ouni mateneen ze schwätzen, kommunizéiere kann. Jiddereen huet e eegent Talent, et muss e sech just trauen et ze liewen. Et soll en oppe sinn an all Talent respektéieren, ob et Danzen, Freestyle oder gutt Fussball spillen ass. De Schüler huet et Spaass gemaach, si hunn gestaunt virun dem Kënne vun deenen dräi Artisten.

Skip to content