Wou kënnt d'Drénkwaasser am Süde vum Land hier?

Am November haten d’Studente vum BTS „entreprise et développement  
durable“ d’Chance eng ganz flott Visitt vun der SES (Syndicat des Eaux  
du Sud) ze kréien.
 
Den Luc Berens huet eis als éischt eng theoretesch Aféierung an  
d’Thema Drénkwaasser zu Lëtzebuerg um Haaptsëtz bei der Pompelstatioun  
zu Käerch ugebueden. Dono duerfte mir duerch eng gepanzert Dier direkt  
an eng Quellfaassung erakucken. 
 
Fir ofzeschléissen, si mir dem Waasser no Richtung Réibierg gefuer,  
fir do am risege Waasserbehälter bis uewen an d’Spëtzt ze klammen a  
kruten en aussergewéinleche Panoramabléck iwwert eist Land gebueden.

Skip to content