Dës Visitt huet de Studenten d’Wichtegkeet vun de richtege Gesten am Alldag nach eng Kéier virun Ae gefouert an d’Erausfuerderunge vun der Zukunft opgezeechent. D’Roll vun der Offallgestioun am Kontext vum Klimaschutz ass de Studenten nach méi bewosst ginn. Bei engem interaktive Workshop iwwert den Tri vum Offall konnt d’Klass hiert Wëssen ënner Beweis stellen.