E Bléck hannert d'Kulissen:

Den 1. Februar hunn d‘3GSO1 an d‘3GSO3 d’„RTL City“ um Kierchbierg besicht. D’Schülerinnen a Schüler kruten hei en Abléck an den Alldag bei engem Radios- an Televisiounssender. Am groussen Ophuelraum gouf fir d‘éischt erkläert, wéi eng Radiosemissioun entsteet. Dono goung et weider an den Televisiounsstudio. Och hei konnten d’Schülerinnen a Schüler e Bléck hannert d’Kulisse geheien, an dat besonnesch am Beräich vun der Technik. Zum Schluss kruten d‘Schülerinnen a Schüler dunn nach aus éischter Hand erkläert, wéi den Eldoradio schafft an opgebaut ass.

Skip to content