2GSO OPLSC um Fridhaff beim SIDEC:

Mëttwochs, den 22. Februar 2023 huet d’Optioun Lifestyle Coaching vun eiser 2GSO sech um SIDEC iwwert d’Offallgestioun zu Lëtzebuerg informéiert. Vum richtegen Tri bis bei detailléiert Informatiounen iwwert d’Recycléieren an d’Weiderverwäerte vum Offall oder och d’Verbrennung vum Reschtoffall war alles derbäi. Et ass schonn impressionant wéi vill Efforte bedriwwe gi fir eng fachgerecht Entsuergung vun all deem, wat normalerweis an der Poubelle lant.

Skip to content