Den LTEtt krut Besuch vum Educatiounsminister, dem Här Claude Meisch!

Zwee Schwéierpunkte vum LTEtt goufe vun eise Schüler:inne virgestallt. D’interdisziplinär Projetsaarbecht um Commerce, den Ëmweltwëssenschaften an de Smart Technologies gouf am Kader vun enger klenger Foire presentéiert. An enger Table ronde goufen dunn eis participativ Projeten (wéi z.B. Prett fir den LTEtt, FALT-Team…) virgestallt. Hei hunn eis Schüler:inne verzielt, wéi villfälteg d’Méiglechkeete sinn sech am LTEtt ze engagéieren a wat hinnen dat och perséinlech bréngt. Merci fir de sympatheschen Austausch, Här Minister!

Skip to content