Streetphotography:

Am Kader vun der Optioun “Photographie” hu verschidde Schülerinnen a Schüler vun der 4e bis 1e GSOF a vun der 3GSO1, 3GSO2 a 3GSO3 am Zentrum vun Ettelbréck Fotoe geknipst. Dat Ganzt stoung ënnert dem Thema “Street Photography”. Verschidde Schülerinnen a Schüler hunn vum schéine sonnege Wierder profitéiert, fir ënner natierlecher Luucht Fotoe fir hir Evaluatioun ze schéissen. Eng besonnesch Erausfuerderung vun dësem Shoot war et, gläichzäiteg d’Kompositioun vun hirem Kader souwéi déi manuell Astellunge vun hire Fotoapparater ze beuechten. Bravo fir déi flott Resultater.

Skip to content