Eis Mini-Entreprisë waren aktiv!

Wärend 2 Deeg hunn eis Mini-Entreprisë vun de Klassen 2GCC(F) an 2CGC(F) hir flott Produit’en a Servicer op der Vente en Commun an der Belle Etoile virgestallt a verkaf. Dëst ass e Projet vun de Jonk Entrepreneuren Luxembourg (JEL) bei dem eis Schüler matmaachen. 
D’Schüler hunn sech vill Méi gemaach en attraktive Stand opzeriichten, a si ganz begeeschtert fir de potentielle Client’en hire Produit oder Service un ze bidden.
Dëst sinn: Äppeltäsch (Äppelkompott an Äppelchips aus regionalen Äppel gemaach), Fairy Craft (verschidde Fleegeprodukter, wéi Buedsalz an afrikanesch natierlech Seef), Candle N’Luck (Lotterie mat klenge Käerzen a verschidde selwer gemaache Käerzen) a Click (Sie realiséiere Publicitéitsspotten a maache Foto’en fir d’Kommunikatioun op de Soziale Medie fir kleng Betriber a Betriber aus dem HORESCA Beräich).

Weider Informatioune fannt dir op www.jel.lu

Skip to content