Vëlosprojet ReVELOtioun:

Super Initiativ vum Anne a Semion vun der 1GSE, déi am Kader vun där vun hinnen organiséierter Vëloswoch als Ofschloss eng Table ronde ‚Vëlosstad Nordstad‘ am LTEtt op d’Been gestalt haten. 5 Klasse konnten sech mam Minister fir Landesplanung Claude Turmes, mam Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf an der Gemengeconseillère Svenja Birchen vun der Ville d’Ettelbruck, dem Jo Klein vu ProVelo.lu an dem Jeff Biever vum MMTP: Ministère de la Mobilité et des Travaux publics austauschen, wéi eng Roll dem Vëlo an der Nordstad an Zukunft zoukomme kéint.

Skip to content