Héije Besuch am LTEtt:

Am Kader vun der kapverdianescher Staatsvisitt hei zu Lëtzebuerg hat den LTEtt héije Besuch kritt:

Zesumme mam Claude Turmes, Ministre de l’Énergie et de l’Aménagement du territoire, ass säin Homolog Alexandre DIAS MONTEIRO, Ministre de l’Industrie, du Commerce et de l’Énergie um Cap Vert, eise Lycée besiche komm. No Erklärungen zu den Energie-Konzepter a Kooperatiounsprojete vu béide Länner konnten d’Schüler:inne Froe stellen an eng lieweg Diskussioun zu den erneierbaren Energien ass entstanen. Als Ofschloss war dunn eng Visitt vun e puer vun eise ville Projeten: eng 6e huet am Fräiloftklassesall bei der Waark Waasserprouwe geholl an d’Smart technologies-Klassen hunn demonstréiert, wéi séier an effikass eis mobil “Windmobile”-Anlag ass, wéi d’Waasserrad bei der Waark fonctionéiert an awer och wéi eise Pedelec-Port vu Solarpaneelen energeetesch gefiddert gëtt. Héichpunkt fir vill Schüler:innen aus dem LTEtt war awer den direkte sympathesche Kontakt zu eisem Besuch: den Här Minister Dias Monteiro huet sech ganz vill Zäit geholl mat eise Schüler:innen ze schwätzen a war ganz begeeschtert och dat eent oder anert Wuert op kreolesch austauschen ze kënnen. Merci fir Äre Besuch, Här Minister!

Skip to content