Ee flotten Ofschloss vum Schouljoer 2022/2023 am LTEtt

Den 10 Juli hu mir mat eisem Schoulfest den Ofschloss vum Schouljoer am LTEtt gefeiert.

Moies hate mir Atelieren organiséiert an déi d’Enseignanten sech konnte mat hire Klassen aschreiwen. D’Ateliere ware ganz ënnerschiddlech; ugebuede goufen ënnert anerem Danzen (souwuel HipHop wéi Zumba), e Quiz (wou ee schéi Präisser gewanne konnt), en Escape Room an esou guer e Rallye dee vun eisem Schülercomité organiséiert war.

Ab der Mëttegpaus hate mir e Fest dobaussen am Bannenhaff organiséiert. Et si verschidde musikalesch Gruppen opgetrueden. Zum Deel waren dat Schüler déi sech selwer als Grupp forméiert haten, e musikaleschen Atelier den d’ganzt Joer iwwer am LTEtt stattfonnt huet an den Ofschloss huet ee Schüler gemaach, deen als DJ opgeluecht huet. Mir haten eng Slushi Maschinn a verschidde Loftschlässer (Bodykicker, Parcours, Sumoringer, Riesendart) reservéiert, wou d’Schüler fräi deelhuele konnten.

Et war e ganz flotten Dag, wou vir jiddereen eppes dobäi war. De ganzen Dag iwwer war eng mega flott Stëmmung an domat war et ee gelongenen Ofschloss vum Schouljoer 2022/2023 fir all eis Schüler.

Skip to content