Op Visitt am Scienteens Lab vun der Uni Lëtzebuerg um Belval!

D’2GSNF war den 18. Juni de ganzen Dag am Scienteens Lab vun der Uni Lëtzebuerg um Belval. Hei kruten d’Schüler*Innen fir d’éischt en theoreteschen Iwwerbléck iwwer verschidde Labostechniken aus dem Beräich Biologie respektiv Genetik. Duerno konnte si ënnert anerem eng PCR an eng Gelelektrophorese selwer an engem professionelle Labo vun der Uni duerchféieren. D’Schüler haten sou d’Geleeënheet fir déi Techniken, déi och um Examensprogramm an der Biologie op der 1GSNF stinn, eng Kéier selwer an engem Labo vun der Uni duerchzeféieren a si krute gläichzäiteg e kuerzen Abléck an d’Raimlechkeeten vun der Uni Lëtzebuerg. Et war eng immens interessant Visitt fir jiddereen an als flotten Ofschloss krute si ee grousst Luef fir hier Participatioun an déi Arbescht déi si deen Dag geleescht hunn!

Skip to content