D'Santé mentale, ee wichtegt Thema an eiser Schoul!

Oft wësse mir wéi mir kënne reagéiere wann eng Persoun sech wéi deet oder een Accident geschitt, awer net ëmmer wësse mir wéi mir kënne reagéieren am Fall vun enger psychescher Kris. An deem Sënn huet a 4 Sessiounen zu jeeweils 14 Stonnen d’Formatioun «Premiers secours en santé mentale» bei eis am Lycée stattfonnt. An dëser Formatioun bilde mir d’Personal vum Lycée dran aus fir e psychescht Leide bei Jugendlechen ze erkennen a fir fréizäiteg kënnen anzegräifen. Bis elo sinn 63 Leit hei ausgebilt ginn; dat sinn ënnert anerem Enseignanten an administratiivt Personal, awer och Leit aus eisem Service Technique. Sou huet eist Personal aus deene verschiddenste Beräicher d’Méiglechkeet Jonker kënnen opzefänken well d’Zil vun dësem Projet ass et fir d’Wuelbefanne vun eise Schüler ze stäerken an si beschtméiglechst opzefänken a Momenter an deenen et hinnen net gutt geet.

Skip to content