Merci fir ärt Engagement!

Haut de Moie kruten eis motivéiertst Schüler hir “Aktivpläng” iwwerreecht. Den Aktivplang dokumentéiert all déi eenzel Engagementer déi si am Laf vum Schouljoer nieft deem schoulesche Programm fräiwëlleg ausüben. Dat ass zum Beispill op eiser Porte ouverte hëllefen, u sportlechen Aktivitéiten deelhuelen, dem Cycle inférieur eng Sektioun präsentéiere goen an an an…..
Mir sinn houfreg dass mir sou vill engagéiert Schüler hunn, et huet ee ganze Moie gedauert fir hinnen hier wuelverdéngten Dokumenter ze iwwerreechen. Bravo an ee grousse Merci hinnen alleguer! Mir wëllen och deene Schüler Merci soen déi de Moien de Courage haten hire Kolleege vereenzelt Aktivitéiten ze erklären! ☺️☺️☺️
Skip to content