Och dëst Joer gouf am LTEtt an 3 Kéieren an engem perséinleche Kader gefeiert!

Zeremonie 05.07.2024

Freides Owes, de 5. Juli haten sech eis Schüler*Innen aus dem Beräich Technologie, Energie an Ëmwelt an hier Familljen hei am Lycée Rendez-vous ginn. Si kruten hier Premièresdiplomer vum Directeur adjoint à la Formation Professionnelle, dem Här Marc Sinner, iwwerreecht. Awer och eis Beruffsklassen aus dem Debosselage, Chauffage sanitaire, der Elektro a Mechanik hunn den Ofschloss vun hirer Schoulzäit gefeiert. Spezialiséiert op d’Zukunft – dat sinn dës jonk Leit all! Alles Guddes fir de weidere Wee!

Zeremonie 06.07.2024 - 10 Auer

Samschdes, de 06.07, gouf ëm 10 Auer weidergefeiert: 45 Schüler*Inne vun den 1GSO, eise Sciences sociales-Klassen, kruten hir Diplomer vun eiser Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau a Ministesch fir Konsumenteschutz, der Madamm Martine Hansen, souwéi vun der Vertriederin vum Educatiounsministère, der Madamm Lynn Binna, iwwerreecht. Déi eng oder aner Freedentréin ass gefloss an eis Diploméiert hunn lo eng weider Etapp um Wee fir an d’Beruffsliewen hannert sech. Alles Guddes op ärem Parcours! De Vertrieder vun der Ettelbrécker Gemeng, dem Buergermeeschter Bob Steichen an dem 1. Schäffe Jean-Paul Schaaf gëllt och ee grousse Merci fir hir Präsenz! 

Zeremonie 06.07.2024 - 14 Auer

An den LTEtt hat de Samschden de Mëtten eng drëtt Zeremonie um Programm: 50 Schüler*Innen aus dem Beräich Commerce hunn hiren Ofschloss zesumme mat hire Famille gefeiert! Merci der Directrice adjointe à la Formation professionnelle, der Madamm Véronique Schaber, déi hinne vill perséinlech Wierder a léif Wënsch fir hir weider Rees mat op de Wee ginn huet. Och dem 2. Schäffe vun der Gemeng Ettelbréck, dem Här Pascal Nicolay,  Merci dass hien nun dëser spezieller Zeremonie deelgeholl huet! An un eis léif Ex-Schüler*Innen bleift eis just nach Eppes ze soen: Alles Guddes iech all op ärem weidere Wee!

Skip to content