"Maï Kand kënnt an de Lycée. A wat elo?"

Den 13. September 2024 huet deen éischten Elterenowend am Kader vun eiser “Open School” hei am LTEtt stattfonnt. De Sënn vun dësem Owend war, datt mir déi interesséiert Elteren vun den 7e-Schüler esou gutt ewéi méiglech op den Iwwergang vun der Primärschoul an de Lycée präparéieren a begleede wëllen. Organiséiert gouf dat Ganzt an Zesummenaarbecht mat der Eltereschoul. Et war e flotte Moment fir an den Austausch ze kommen an nei Gesiichter kennen ze léieren. Eng perfekt Basis fir eng gutt Zesummenaarbecht!

No enger klenger Introductioun vun eiser Direktioun ass et weidergaange mat enger Konferenz zum Thema “Maï Kand kënnt an de Lycée. A wat elo?”       

Mir hoffe mir konnten eisen neie 7e-Schüler an hiren Elteren eng flott an einfach Rentrée erméiglechen a soen all eise Partner déi an dëser Woch matgewierkt hunn, e grousse Merci!

Skip to content