FIRST Global Robotics Challenge 2024:

Vum 26. bis den 29. September hat FIRST Global op säin internationale Robotik-Turnéier agelueden, deen dëst Joer zu Athen a Griechenland stattfonnt huet. 193 Natioune ware präsent an unhand vun engem flotten Challenge sollten déi Beschten aus der Welt gekréint ginn. Och den LTEtt war mat engem Schüler vertrueden, dem Souhaib aus der 3GSNF. “Et war eng immens flott Erfarung, an ech hunn do vill nei Leit kenne geléiert!”, sou nëmmen ee Feedback vum jonke Robotiksenthusiast. De Souhaib huet am Kader vun enger Optioun, déi no de Schoulstonne stattfonnt huet, d’Robotik hei am Lycée kennegeléiert. “Ech fanne Robotik flott, well do gi Problemer geléist, déi interessant sin a Spaass maachen!”. D’Ekipp aus Lëtzebuerg, bestoend aus 5 Schüler aus 4 Schoulen, huet zum Schluss d’Plaz 165 vun 193 beluecht. Mir felicitéieren hinnen zu de flotten Erfarungen déi si konnte sammelen a mat heembréngen!

Skip to content