Déi mental Gesondheet - ee wichtegt Thema an eisem Lycée!
Den 3. Oktober 2024, hu 16 Mataarbechter aus dem Lycée Technique Ettelbruck (Enseignantë, administratiivt Personal a Mataarbechter aus dem Sepas) un der Formatioun “Éischt Hëllef an der psychescher Gesondheet Teen”deelgeholl. Déi 16 Leit hunn all schonn den “Éischt Hëllef an der psychescher Gesondheet Youth” absolvéiert a si soumat diploméiert Secouristen am PSSM.
D’Formatioun ass gehale gi vum Nadia Ruef an dem Mireille Thill aus dem Centre d’Information et de Prévention.
De Cours”Éischt Hëllef an der psychescher Gesondheet Teen” riicht sech u Jugendlecher vu 4e bis 1ère a wäert ab dësem Schouljoer Deel vun hirem reguläre Schoulprogramm sinn. D’Zil ass et, déi Jugendlech mam Thema vun der psychescherGesondheet vertraut ze maachen a si léiere wei si engem anere Jugendlechen deem et net gutt geet, hëllefe kennen andeems si eng erwuesse Persoun involvéieren. Fir der Entsteeung vu psycheschen Erkrankungen entgéint ze wierken, ass et wichteg fréizäiteg ze handelen an dofir wëlle mir eis Schoulgemeinschaft mat dësem wichtegen Thema vertraut maachen an si drop opmierksam maachen dat et wichteg ass dat een op sech selwer an och op deen aneren oppasst.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy