Et war vill lass am LTett am Kader vun dëser Woch!
An der Woch vum 21.-25. Oktober 2024 huet am Ettelbrécker Lycée Technique déi drëtt Woch vun der Demokratie stattfonnt.
An deem Kader ass dëst Joer en neie Schülercomité gewielt ginn. Dëse wäert an de nächsten zwee Joer d’Interesse vun der Schülergemeinschaft aus dem LTEtt vertrieden.
Do dernieft gouf et e Begleetprogramm mat Workshops zu den Themen Demokratie a Mënscherechter. Dës sinn deels vu Schülerinnen a Schüler vum LTEtt, deels vun externe Partner organiséiert a geleet ginn.
Zousätzlech ass nach bis den 22. November, passend zum Thema vun der Woch, d‘Ausstellung #WIELEWATMIRSINN am Lycée ze gesinn, wou et ëm d’Geschicht vum Walrecht zu Lëtzebuerg geet.
Merci alle Bedeelegten, déi dëser flotter Themewoch zu hirem Succès verhollef hunn!
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy