#MengChamber:

De 6. November hu Schüler vun der 2GSO1, 2GSO2 an der 4GCMEA-1 d’Chambre des Députés besicht an um Atelier #MengChamber (organiséiert vum Zentrum fir politesch Bildung) deelgeholl. 

A Gruppenaarbechten missten d’Schülerinnen a Schüler eng eege Partei grënnen, sech Gedanken iwwert aktuell politesch Froe maachen an hier Iddien schlussendlech präsentéieren. 

No der Mëttespaus kruten d’Schülerinnen a Schüler dunn och, nach d’Geleeënheet fir mat zwee Deputéiert (David Wagner – di Lénk; Paul Galles – CSV) ze diskutéieren an hinnen hir Froen ze stellen. Zum Schluss hu mir nach de Plenarsall besicht.

Enseignants: Wagener Romain, Krettels Véronique, Rodenbourg Max

Skip to content