D’7G2 am Science Center

Learning by doing am Science Center! D’7G2 aus dem Lycée Technique Ettelbruck ass den 9. November mam Zuch op Déifferdeng de Science Center besiche gaangen. D’Schüler konnten sech an engem Atelier iwwert Fluide bei niddregen Temperature fir d’Wëssenschaft begeeschteren. E puer vun hinnen hunn sech och getraut bei den Experimenter Read more…

Aktiv um Klasseklima schaffen

Präventiounsaarbecht vum SePAS – aktiv um Klasseklima schaffen. Klasseninterventiounen vum SePAS si sënnvoll, fir d’Klasseklima ze verbesseren a Konflikter esou aus dem Wee ze raumen, éier se entstinn. Dofir bitt de SePAS, no Besoin, awer och präventiv, Workshops an de Klassen un. Dës Interventiounen daueren op mannst zwou Stonnen a Read more…

Woch vun der Demokratie am LTEtt

Demokratie liewen! An der Woch vum 24.-28. Oktober 2022 huet am Lycée Technique vun Ettelbréck d’Woch vun der Demokratie stattfonnt. An deem Kader goufen insgesamt 27 Workshoppen ronderëm d’Thema Demokratie a Biergerrechter organiséiert, déi zum Deel vun de Schüler selwer geplangt an duerchgefouert goufen. Aner Intervenanten waren de Radio ARA, Read more…

Podcast zur Woch vun der Demokratie

Workshop am LTEtt mam Radio Ara Am Kader vun der Woch vun der Demokratie huet eis 3GSO2 um Workshop vum Radio Ara deelgeholl.  D’Schülerinnen a Schüler hunn am theoreteschen Deel geléiert, wéi d’Medielandschaft zu Lëtzebuerg ausgesäit a wéi en een Interview virbereet.  Am prakteschen Deel missten d’Schüler*innen dunn hiert Wëssen Read more…

Ekopedagogie

Wat ass Symbiosis? All eis 4GPS- a 4GSN-Klassen hunn am Ufank vum Schouljoer ee flotten Ausfluch zum Thema „Symbiosis“ op Huelmes gemaach. Dës Aktivitéit beliicht, datt Systemer, déi gutt zesumme schaffen, déi effizientste Systemer sinn. Den Openthalt huet de Gruppen erlaabt d’Symbios an der Natur duerch kleng Aktivitéiten ze verstoen Read more…

Kreativ fir e friddlecht Zesummeliewen”

Eisen S-Team … ëmmer kreativ! Gëschter waren e puer S-Team-Schüler:innen no der Schoul nach ganz aktiv, fir gemeinsam e Konschtwierk ze erstelle fir eis Schoulgemeinschaft zum Thema „friddlecht Zesummeliewen“. Mir haten all e flotte Mëtten a ware ganz motivéiert bei der Saach. Villmools Merci léif S-Team-Memberen, datt dir eis ëmmer erëm mat äre gudden Iddien iwwerrascht.

Skip to content