De BTS op Exkursioun am Minett

Am Minett: Den 20.04.22 konnten d’Studente vum BTS duerch d’Naturschutzgebitt Leiffräche wanderen an dobäi déi eemoleg Landschaft vun dem deemolegen Tagebaugebitt bewonneren. Eng grouss Biodiversitéit u Planzen an Déiere konnt festgestallt ginn a souguer Fossilien (hei e Belemnite) hu mer fonnt!  Dono goung d’Rees zu Rëmeleng ënnerierdesch weider an de Read more…

Skistage zu Obertauern

Den LTEtt ass lo vrun Ouschteren am Schistage zu Obertauern (Éisträich). All Dag sinn eis Schüler:inne mat voller Motivatioun an der Schischoul aktiv. Dobäi léieren se net nëmme Schifueren, mee och d’Schüler:innen aus den aneren 2 Schoulen (EPSA, LBV) besser kennen an tauschen sech iwwert hir nei Erfarungen aus. 

Spend un d’Croix Rouge

Eist Departement Coiffure huet zesumme mat der Klass DC3CO Kosmetikartikelen un de Centre de collecte vun der Croix Rouge zu Léiweng gespent, an der Hoffnung de Fraen, déi viru Gewalt geflücht sinn an alles zeréck gelooss hunn, rëm e bëssche Würd zeréck ze ginn.

Relais pour la vie 2022

Ewéi d’läscht Joer schonn huet den LTEtt sech och dëst Joer nees fir de “Relais pour la vie” engagéiert! D’Schüler:innen an d’Personal sinn zesummen insgesamt 24 Stonne gelaf, getrëppelt oder Vëlo gefuer. Mir soen iech villmools Merci fir är Donen!

SCHACHKLUB

Mir spille Schach am LTETT a wäerten, wann d’Situatioun et zouléisst, och erëm un Tournoien a verschiddene Lycéeën am Land kennen deelhuelen. Jiddereen ass wëllkomm. Ob der Ufänger oder erfuere Schachspiller, dir fannt ëmmer een deen eng Partie mat iech mécht!

Skip to content