Sustainable Entrepreunarial School

Den LTEtt huet sech engagéiert um “Sustainable Entrepreunarial School” Projet deelzehuelen.

 Dëse Projet ass eng Initiativ vum Service de la Coordination de la Recherche et de l’innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) an Zesummenaarbecht mat der Direction générale des Classes Moyennes an der Asbl Jonk Entrepreneure Luxembourg.

 D’Zil vum Projet ass den Entreprenariat, déi berufflech Orientéierung, den Ëmgang mat de Finanzen an d’Nohalteg Entwécklung an de Schoulen no vir ze bréngen. Heibäi entsteet eng enk Verbindung tëscht de Schoulen an den Entreprisen, vun där d’Schüler:Inne op hirem zukünftege Wee profitéiere kënnen.

 E Schwéierpunkt vun dëser Initiativ ass et de Schüler:Inne déi sougenannte Sustainable Entrepreunarial Competences (SEC) méi no ze bréngen. Dozou gehéieren “Hardskills”, mee och Kommunikatioun, Kreativitéit, Zesummenaarbecht a kritescht Denken. Parallel ginn awer och Eegeninitiativ an Innovatioun gefuerdert.

 Déi ganz Schoulgemeinschaft vum LTEtt ass en Deel vun dësem Projet an all zesumme setze mir eis fir eng nohalteg Zukunft op alle Niveauen an.

Neiegkeeten SES

Skip to content