Ee gudde Start an dat 1. Joer am Lycée!

Vum 8. bis den 12. September huet wéi all Joer d’Open School am LTEtt stattfonnt.
Dëse Projet soll eisen zukünftege 7e-Schüler*Innen hire Start bei eis erliichteren andeems si hir nei Matschüler*Innen, d‘Gebai an d’Personal scho virum Schoulstart kenneléieren. Bei ville flotten Aktivitéite wéi engem Rallye duerch Ettelbréck, Waasseraktivitéiten zu Lëlz a Visitten am Mariendall, am Hariko an am Jugendhaus zu Ettelbréck war d’Äis séier gebrach an d’Schüler*Innen hate vill Spaass zesummen. Mir si sécher dass si no där Woch gutt an dat neit Schouljoer starten a wënschen hinnen haut eng schéi Rentrée!
Skip to content