Infoversammlung iwwert d'PSSM-Coursen op all eise 4e Klassen vum Régime général:

Léif Schoulgemeinschaft,

Mir hunn eis als Lycée d’Missioun ginn fir eis méi fir d’psychesch Gesondheet vun eise Jugendlechen anzesetzen. Mir wëllen datt méi iwwer d’Thema geschwat gëtt an datt och de Jugendleche weess wat e maache ka wann et engem anere Jonke psychesch net gutt geet. 

An deem Kader fannen zwëschent dem 17ten November 2025 an dem 5ten Dezember 2025 d’Coursë PSSM Teen (Premiers Secours en santé mentale fir Jugendlecher) op all eisen 4e Klassen vum Régime général statt. Dës Coursë sinn obligatoresch an am reguläre Stonneplang integréiert. Dës Coursë gi vum Personal aus dem Ltett gehale.  Et handelt sech ëm 3 Moduller à 100 Minutten. 

Fir d’Enseignantë vun de 4e Klassen iwwert de Projet an den Oflaf z’informéieren, gëtt jeeweils eng Informatiounsversammlung am Festsall zu 3 verschiddenen Datumen organiséiert:

-Dënschdes den 28.10.25 vu 15-16 Auer

-Mëttwochs den 29.10.25 vun 12-13 Auer

-Méindes den 10.11.25 vun 15-16 Auer

Dës obligatoresch Informatiounsversammlung riicht sech an éischter Linn un déi Enseignanten, déi d’lescht Joer net drun deelgeholl hunn. Déi déi d’lescht Joer schonn drun deelgeholl hunn, sinn awer wëllkomm. Dës Stonn gëtt vun eiser Direktioun als Formatioun continue validéiert.

Mir wäerten déi 3 Moduller nach virun der Vakanz an de Stonneplang setzen an déi betraffen Enseignantë per Mail informéieren.

D’Eltere vun de Schüler ginn no der Vakanz iwwert den Eduflow informéiert.

Mir freeën eis op eng flott Zesummenaarbecht.

Mfg,

Laura Bartolini an Sandra Schmit

Skip to content