De 6. Mäerz 2026 hunn d’Schüler aus de Klassen 1GSO1, 1GSO2 an 1GSOF, déi d’Optioun „Préparer mon futur“ gewielt hunn, de Schüler aus de Klassen 1GCG an 1GCC/F eng interaktiv Presentatioun zum Thema „Prett fir d’Examen“ virgestallt.
Si sinn op verschidde wichteg Themen agaangen, wéi ee sech am beschten op eng Prüfung oder en Exame virbereede kann, wéi eng Léiermethoden et ginn, wéi een effikass léiert, awer och wéi een motivéiert bleift an d’Stresssituatioune besser meeschtert.
Bravo un d‘Schüler fir d’Aarbecht, déi si geleescht hunn, a fir hire Courage, hirt Wëssen an hir Erfarunge mat anere Schüler ze deelen.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy