Lidder, Emotiounen a Kreativitéit:

Am Kader vum Fach Art & Cultures huet d’Klass 1GSO2 den 23. Januar 2026 um Workshop MOTH, organiséiert vum EDSUN, deelgeholl.

Dëse Workshop hat als Zil, Jugendlecher dozou ze motivéieren, sech intensiv mat der emotionaler Déift vu Lidder auserneenzesetzen – duerch bewosst Lauschteren, Austausch an kreativ Interpretatioun.

A klenge Gruppen hunn d’Schülerinnen a Schüler e Lidd ausgewielt, dat si perséinlech beréiert an dat si als representativ fir sech selwer empfonnt hunn. Am Austausch iwwer Theme wéi Léift, Identitéit, Angscht, Frëndschaft an Einsamkeet sinn duerno ganz individuell a kreativ Aarbechten entstanen, dorënner Gedichter, Texter a Videoen.

Zum Ofschloss vum Workshop huet all Grupp seng Interpretatioun der Klass presentéiert an esou zu engem räiche kulturellen Austausch bäigedroen.

E grousse Merci un den EDSUN fir dësen inspiréierende Workshop.

Skip to content