Am Kader vum Projet “Ee Stopp fir ee Mupp”, deen eis Schüler vun der 1TPCMF/2 hei am Lycée lancéiert hunn, waren d’Romy an de Silver vun der Associatioun ASA am Januar schonn eemol op Besuch am LTEtt fir eise Schüler hir Aarbecht méi no ze bréngen. Haut war et dunn un eise Schüler hinnen eng kleng Unerkennung fir hir wichteg Aarbecht ze iwwerreechen – iwwer 100KG Stëpp goufe gesammelt! An et gouf festgehal datt de Projet heimat net ofgeschloss ass, mee datt eist Personal an eis Schüler weider fläisseg Stëpp sammelen fir d’Asa ze ënnerstëtzen!
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy