Beandrockend Temoignagen vun enger anerer Plaz vun dëser Welt:

Dëst Schouljoer ass den LTEtt fir déi éischte Kéier beim Projet “Friendship – Connected Schools” mat dobäi. Am Kader vum TECNO bzw. dem ENTEC Cour tauschen sech heibäi eis Schüler*Innen vun der 2GIG an 2GSE mat der Sannasir 2 Schoulklass aus dem Bangladesch zu Ëmweltprobleemer aus. Bis elo goufe schonn véier selwer gemaachte Videoen ausgetosch an zwou Live-Sessions via Internet ofgehal. Esou gouf sech de 6. Februar iwwert den Alldag, och deen an der Schoul, vun hei a vun do ënnerhal an de 24. Abrëll goufen de Klimawandel an de Plastiksoffall zesummen diskutéiert. Dëse Projet bitt eis eng eemoleg Erfarung a Sensibiliséierung mat beandrockenden Temoignagen aus dem reale Liewen op enger anerer Plaz vun dëser Welt. Weider gemeinsam Aktioune si bis an den November era geplangt.