De 14. Abrëll waren d’Schüler vun der 2GSN an der 2GSNF zesummen op de Belval an de Scienteenslab. No engem theoreteschen Abléck a verschidde Labostechniken an der Genetik, konnten d’Schüler selwer an d‘Roll vun engem Fuerscher klammen. Am gutt equipéierte Labo sinn si der Fro nogaang, wéi een Impakt d’Sonnestralung op d’DNA huet, an op Sonnecrème d’DNA ka virun der Sonnestralung schützen. Heifir hunn si d’Technike vun der PCR an der Gelelektrophorèse benotzt. D’Schüler hunn och gemierkt, datt een an der Fuerschung ganz präzis muss schaffen, an datt kleng Feeler grouss Impakter op d’Resultater kennen hunn.
Begleeder: Annick Schalbar an Philippe Jeitz
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy